Logo_Thiry

Qualitéit, déi een schmaacht

Et ass eis Leidenschaft gudd Mëllech ze produzéieren

2013 hun mir eis kleng Molkerei opgemach.

Eist Ziel ass et, dass dir eist Produkt

esou natierlech an frësch wei méiglech kritt. Dofir gëtt eis Mëllech nëmmen pasteuriséiert an homogeniséiert. Dat heescht, si gëtt no der traditioneller Manéier kuerz op 75°C erhëtzt , an dann homogeniséiert. Dat ganzt gëtt an eiser eegener Molkerei um Haff, déi vun den ëffentlechen Instanzen kontrolléiert gëtt, gemaach. Ganz wichteg ass dass eis Mëllech weder zentrifugeiert nach standardiséiert gëtt. Dat heescht dass den natierlechen Fettgehalt an domat den Geschmaach an d‘ Inhaltstoffer erhalen bleiwen. D’ Mëllech behält hier Bekëmmlechkeet an ass 11 Deeg haltbar.

Duerch den schounenden Ëmgäng ass et eng Mëllech wéi Freier.

Eis Rass vun den Kei as Fleckveih.

Firwat Fleckveih? Et as eng vun den robustesten Mëllechkéirassen, déi bekannt ass fir eng héichwertëg Qualitéitsmëllech. Des Mëllech, déi mir straichen, kënnt op direktem Wee vun eisem Kéistall an eis Molkerei.

Tëschent Kou an Geschäft leien nëmmen 24 Stonnen.

Deieren stin bei eis un éischter Platz. Mär leeën groussen Wert op en optimalen Kéikomfort an eng individuell Deirenbetreiung. Am hellen Stall kennen sech eis 70 Mëllechkéi am Wanter frei bewegen. Am Summer weeden se natierlech op den Wisen ronderëm eisen Haff. Vun Abrëll bis Oktober produzéieren eis Mëllechkéi dann Mëllech aus frëschem Gras.

Gentechnik huet no eiser Iwwerzeegung näischt an Liewensmëttel verluer. Dofir ginn eis Kéi nëmmen gentechnesch frei gefiddert. Dat meescht Fudder gëtt bei eis um Betrib produzéiert an verfiddert. Doduerch ass d‘ Qualitéit vun eiser Mëllech séchergestallt an et ginn keng laang Transportweeër.

Gudd, heichwertëgt Fudder an gesond Kéi sin d‘ Viraussetzungen fir Qualiteit an Nährstoffgehalt vun der Mëllech. Eis Kéi gin vun engem Roboter gestrach, ganz ouni Stress. Sie kennen selwer entscheeden, weini sie wellen gestrach gin. Duerch wegfaalen vum straichen, bleiwt eis mei Zeit, eis em d’Gesondheet vun den Kéi ze këmmeren. No dem Straichen kënnt eis Mëllech direkt an een groussen Mëllechtank niewt eisem Melkstand, wou sie dann op 4 Grad eroofgekillt gett. Hei steht se dann prett, fir kënnen an der Molkerei verschafft ze gin.

Niewt eisen Kéi hun mir och nach Stéieren. Eis kleng männlech Fleckveih zéien mir um Haff op. Dat heescht och dei männlech Kalwer hun eng Zukunft bei eis an gin net wei üblech no 14 Deeg vum Haff.

Et as eis Leidenschaft gudd Mëllech ze produzéieren…

Schmaacht des Leidenschaft!

Wat ass eis wichtig?

  • 24 Stonnen Freschheetgarantie: Haut gestrach, muer bei ärch um Dësch
  • Nohaltegkeet, eng aartgerecht Deierenhaltung an eegenen Fudderunbau
  • Direkt, schounend Weiderveraarbeschtung vun der Mëllech
  • Produktioun an der hauseegener Molkerei
  • Kleng Transportweeër, also schounend fir Ëmwelt
  • Eis Kei gin gentechnesch frei gefiddert (zertifizeiert)
  • Deieren stin op 1. Platz
  • E klenge familiären Bauerenbetrib
  • op 2 % vun eiser Betriebsfläch stin Hecken an Beem
  • 5 % vun eiser Fläch sinn an Biodiversitéitsprogrammer
  • Vun Abrëll bis Oktober gin eis Kei Daach an Nuecht op d‘ Wissen beim Haff
  • ouni Zousätz
FM_Thiry_Frau
Thiry_ouni_gentechnik
Thiry_natiirlech_Zousaetz

Firwat Weed-Mëllech?

Fir eis as et kloer, dass eng Kou soll op d‘ Weed kommen. Wann een geseit, wei sie sech freeën, fir kennen eraus ze goen, verstärkt dest eis Mehnung.

Et huet awer nach vill weider Virdeeler fir d‘ Kou an d‘ Mëllech:

1. besseren Geschmaach vun der Mëllech

2. besser fir d‘ Emwelt

3. besser fir d‘ Gesondheet vun der Kou

Dofir kennen eis Kei mindestens 180 Deeg am Joer fir op mannst 6 Stonnen den Daach frëscht Gras op eisen Weeden ronderëm den Haff friessen.

Vun Mee bis Oktober kennen eis Kei dann och 15-20 Stonnen den Daach eraus op d‘ Weed goen.

Eisen Buttek am Haff

Bei eis am Buttek fannt dir niewt eiser frëscher Mëllech och nach aner Produkter:

  • Frësch Ëer vum Haff
  • Frësch Mëllech Molkerei Thiry 3,5%
  • Frësch Mëllech Molkerei Thiry 1,5%
  • Frësch Schokelasmëllech 500 ml
  • Glacen* 130 ml, 480 ml an 1 Liter (Vanill, Schokela, Nougat, Äerdbier, Mokka, Pistache, Banann, Joghurt-Mango, Hunneg 
  • verschidden Glacenzorten am 1 Liter Dëppchen, hei variieieren d’Goûten iwwert d’ganzt Joër
  • Joghurten (Natur an Friichten)
  • Mëllechlikör (18 % Alkohol) vun der Molkerei Thiry
  • Fair Mëllech UHT 3,5 % an 1,5 %
  • Fair Mëllech Ram 500 ml
  • Fair Mëllech Botter 250 gr
  • Fair Mëllech Brie
  • Fair Mëllech Bauere-Kéis

* Glacen kann een och am 5 Liter bestellen per Mail: molkerei.thiry@pt.lu

Nach oben scrollen