Respekt viru Mënsch, Déier an Natur!

FAIRKOPERATIV

Zesumme fir nohalteg produzéiert an fair gehandelt Mëllech- a Fleeschprodukter zu Lëtzebuerg

2011 ass mam Ausgangspunkt vun de Protestaktioune vun de Mëllechbaueren d’FAIRKOPERATIV LËTZEBUERG gegrënnt ginn.

D’Zil war et, de Verkaf vun der Mëllech an de veraarbechte Produkter selwer an d’Hand ze huelen, d’Mark „D’fair Mëllech“ gouf agefouert.

2022 hunn sech ronn 20 Bauer aus der Mammakouhhaltung zesummegeschloss, fir der selwechter Iddi nozegoen an hire Produkter ënnert enger neier Mark D’fair Fleesch ze vermaarten.

D’FAIRKOPERATIV LËTZEBUERG ass en Zesummeschloss vu verschiddene Baueren, fir fair Mëllech a fair Fleesch ze produzéieren.

Dëst bedeit fir eis, de faire Gedanken am gesamte Wertschaffungsprozess vun der Produktioun bis bei de Konsument un éischt Plaz ze setzen.

Mir wëllen domat fierun allem de fairen Ëmgang mat de Baueren, dem Déier, der Ëmwelt, de Veraarbechter, dem Handel an dem Konsument weider bréngen.

Ee wichtege Grondsaz fir d’Fairness ass fir eis eng transparent Produktiounsketten an en direkten an offenen Dialog mat eise Partneren a Clienten.

De wuessenden Drock op d’Präisser féieren dozou, dass d’Bauer ëmmer méi grouss finanziellen Drock kritt, deen et hinnen an der Produktioun net méi erlaabt, op Déierewuel- an Ëmwelt-Parameter an deem speziellen opzepassen.

Fir déi méi Opwand fir d’Ëmwelt- an d’Déierewuel ze bewältegen, brauchen d’Bauer zousätzlech zum Maartpräis e sozialen a faire Surplus.

D'fair Mëllech an d'fair Fleesch stellen zech fir.

Lauschtert no.

Eist Zil ass et, dem Produzent e faire Präis ze garantéieren, also e Präis, deen d’Käschte vun der Mëllech- a Fleeschproduktioun deckt a fir d’Iwwerliewe vun de Familljenbetriber zu Lëtzebuerg suergt.

Nach oben scrollen