D‘fair Mëllech an de BERDORFER organiséieren am Kader vum 10. Anniversaire vu D‘fair Mëllech e Gewёnnspill mat der Ënnerstëtzung vum Natur- & Geopark Mëllerdall an dem Office Régional du Tourisme vun der Regioun Mëllerdall – Kleng Lëtzebuerger Schwäiz.

  • D’Reegele vum Gewënnspill :
    1. An der Period vum 1. Abrëll bis den 31. Mee 2021 keeft de Konsument, am Buttek vu sengem Choix, „D‘fair Mёllech“ oder/an „BERDORFER“ Produkter am Wäert vun Minimum 25 € an. De Keesenticket vun dëse Keef sammelt de Konsument, vermierkt se mat sengem Numm a senger Telefonsnummer a schëckt se un“D‘fair Mëllech-Gewënnspill“
    2. Et kënnen méi Tickete gesammelt ginn, fir op déi jeeweileg Zomm vu Minimum 25 € ze kommen.
    3. Den Organisateur, verloust dann duerno déi gesponsert Bongen ënnert Opsiicht an d’Participanten kréie matgedeelt, wien gewonnen huet. D’Bongen kënnen ab dem 15. August ageléist gin.
    4. D’Gewënner gin am Kader vun der foire agricole , Ugangs Juli aus geloust
    5. Den Umeldungsformulaire ass mat den original Keesentickete bis den 11.Juni bei D‘fair Mëllech-Gewënnspill anzeschécken..
    6. All Participatioun ouni Umeldungsformular an ouni Keesenticket dobei, kann net berücksichtegt ginn!
    7. Den Datum an de Nummer vum Keesenticket mussen lieserlech sinn
  • D‘Fair Mëllech Gewënnspill 8, Duerfstrooss
    L-9669 Mecher
    email:gewennspill@fairmellech.lu
    Whatsapp: 621 586 303 fax : 28761199